🚚 Verpackung zréck = Gratis Liwwerung

Eis Aventure

Hey!

Mir sinn d'Sarah & de Nicolas,déi zwee Grënner vu Wasch. Eis Aventure huet am Februar 2021 ugefaange wéi mir beschloss hunn eist Liewen als Salariéen opzegi fir eis als Entrepreneuren ze verwierklechen.

Et war ee generelle Frust iwwert schiedlech Produiten an Ëmweltverschmotzung, deen eis iwwerzeegt huet, dass et héich Zäit ass, eppes fir eis Gesondheet an eis Zukunft ze ënnerhuelen.

Mee firwat mam Wäschmëttel ufänken?

D'Wäschmëttel ass en Deel vun eisem Alldag, a mir vergiessen heiansdo, dass et an indirekten Kontakt mat eiser Haut duerch eis Kleeder ass. Leider enthalen déi meescht Wäschmëttelen um Maart Inhaltsstoffer, déi aggressiv a schiedlech fir eis Gesondheet sinn. Dobäi kënnt, dass vill vun dësen Inhaltsstoffer net oder nëmme schwéier biodegradabel sinn an dass si gëfteg fir d'aquatescht Ëmfeld sinn ... Aarm Fësch kräischenkräischen

Fir d'Sarah, dat verléift an d'Ozeanen an e grousse Fan vum Schwammen ass (vive d'Babyschwammen!), huet d'Erhale vun der Qualitéit vum Waasser eng immens wichteg Bedeitung.

Eis Erausfuerderung ass also, Iech ee gesond Wäschmëttel fir Iech, Är Kleeder an d'Fësch unzebidden wink

Ärt Wäschmëttel, dat zu méi wéi 96% biodegradabel ass! 💧

Mir hunn ee franséische Laboratoire beoptraagt fir een Test zu der biologescher Ofbaubarkeet vun eise Wäschmëttelen duerchzeféieren

D'Wäschmëttel N°1 zu Lëtzebuerg

Ärt Wäschmëttel op natierlecher Basis (a mat Léift) no bei Iech produzéiert ! 🇱🇺

D'Wäschmëttel N°1 zu Lëtzebuerg

Ärt Wäschmëttel op natierlecher Basis (a mat Léift) no bei Iech produzéiert ! 🇱🇺

0
    0
    Äre Kuerf
    Äre Kuerf ass eidelAn de Shop